"Treff Aal Schoul"

Treff Aal Schoul
Den „Treff Aal Schoul” an der „Maison des Générations” zu Habscht ass eng Geleeënheet fir Leit vun all Alter, fir zesumme flott Stonnen ze verbréngen. All Woch gi verschidden Aktivitéiten ugebueden, déi sech nom Interessi vun de Gäscht vum „Treff” riichten. Natierlech ass och jidderee wëllkomm, deen einfach e puer gemittlech Stonne verbréngen a mat senge Frënn eng Taass Kaffi oder Téi drénke wëll.
Op dëser Plaz fannt Dir dann och ëmmer den aktuelle Programm mat den Ëffnungszäite vum „Treff Aal Schoul”.
Mëttegiessen
Am Kader vun den Aktivitéiten vum „Treff Aal Schoul” hunn eis eeler Matbierger ee mol de Mount d’Méiglechkeet, zesummen an de Restaurant „Aal Schoul” zu Mëtteg iessen ze goen. Umelle kann ee sech fir d’Mëttegiessen, am Prinzip eng Woch am Viraus, bei der Madame Eva Frantzen-Maringer oder der Madame Sarah Zwick, Responsabel vum „Treff”. Trei Gäscht profitéieren am Restaurant iwwregens vun enger Formule, déi Iech déi Responsabel (Tel.: 39 01 33 501) gären am Detail erklären.
Busnavette
Fir déi Leit, déi keng Méiglechkeet hunn, sech selwer an den „Treff ” ze deplacéieren, huet d’Gemeng eng Busnavette ageriicht. Dës Navette ass selbstverständlech och fir d’Besoine fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit adaptéiert. Weider Erklärungen zu der Bus-Navette kritt Dir vun der Madame Eva Frantzen-Maringer oder der Madame Sarah Zwick (Tel.: 39 01 33 501).
Address / Kontakt
Treff Aal Schoul | Maison des Générations 33A, Grand-Rue | L-8372 Hobscheid
Telefon: 39 01 33 501 (Eva Frantzen-Maringer an Sarah Zwick, chargée de direction) | E-Mail:
Programm
-
Programm Hierscht/Wanter 2020 1.85 Mo
-
Programm Januar-April 2021 7.01 Mo
-
Programm April-Juli 2021 5.87 Mo