Visitt vun der Madamm Inneministesch Taina Bofferding am CIS Habscht zu Äischen

Visitt vun der Madamm Inneministesch Taina Bofferding am CIS Habscht zu Äischen

De 26. Juli huet d’Madamm Inneministesch Taina Bofferding a Begleedung vun enger Delegatioun vum Corps Grand-Ducal Incendie et Secours (CGDIS) an dem Inneministère op hirem „Summertour“ duerch verschidden Interventiounszentren vum CGDIS och de „Centre d’Intervention et de Secours Habscht“ zu Äischen besicht.

Op der Plaz konnt si sech – a Presenz vum Schäfferot vun der Gemeng Habscht an dem Zenterchef Tom Geditz - vun der Qualitéit a vum Engagement vum lokale CGDIS-Personal (40 Aktiver an 20 Jugendpompjeeën) iwwerzeegen, grad ewéi vum gudden Equipement, deen am CIS Habscht zum Asaz kéint. Positiv ernimmt gi sinn och di rezent Investissementer vun der Gemeng Habscht, déi eréischt 2021 nei automatesch Paarten am Asazzenter installéiert huet.

 

Visite de Madame la ministre de l’Intérieur Taina Bofferding au CIS Habscht à Eischen

Le 26 juillet, Madame la ministre de l’Intérieur Taina Bofferding – accompagnée d’une délégation du Corps Grand-Ducal Incendie et Secours (CGDIS) et de ses services du ministère - a visité également le «Centre d’intervention et de Secours CIS Habscht» à Eischen lors de son «Summertour» à travers les différents centres d’intervention du CGDIS au Grand-Duché.

En présence du collège échevinal de la commune de Habscht et du chef de centre Tom Geditz, elle était impressionnée de la qualité et de l’engagement du personnel local CGDIS (40 pompiers et 20 jeunes pompiers) ainsi que de l’équipement performant du CIS Habscht. Les investissements récents de la commune de Habscht (installation de nouveaux portails au centre d’intervention en 2021) ont également été mentionnés de manière positive.