Vëlo a Camionnette fir d’Equipe vum Fierschter

Vëlo a Camionnette fir d’Equipe vum Fierschter

Viru Kuerzem huet de Schäfferot dem Fierschter senger Equipe offiziell eng Camionnette an een elektresche Vëlo iwwerreecht. Bäi der Camionnette handelt et sech ëmmt een allradfäege VW Transporter mat Plateau, deen extra op d’Bedürfnisser vun de Bëschaarbechter zougeschnidden ass.

De Vëlo ass een E-MTB vun der Mark Specialized. Den Elektrovëlo ass mat engem Elektromotor mat Batterie (710 Wh) ausgerëscht an erméiglecht dem Fierschter Léo Klein ëmweltschounend Dingschtfarten tëscht sengem Büro an der Gäichel an dem Gemengenhaus zu Äischen grad ewéi geräischloseg Kontrollfarten duerch de Bësch.

 

Vélo et camionnette pour le service forestier

Récemment, le collège échevinal a officiellement remis une camionnette et un vélo électrique au service forestier. La camionnette VW Transporter avec plateau dispose de quatre roues motrices, dont l'équipement est spécialement adapté aux besoins des travailleurs forestiers.

Le vélo électrique est un E-MTB de la marque Specialized. Le vélo est équipé d'un moteur électrique et d'une batterie (710 Wh) et permet au garde forestier Léo Klein d'effectuer des trajets de service entre son bureau à Gaichel et la mairie à Eischen ainsi que des tours de contrôle silencieux dans les forêts tout en respectant ainsi au mieux l’environnement et la nature.