UGDA-Schülerauditioun 2025

Réckbléck op eis Schülerauditioun vum Samschdeg, den 8. Mäerz 2025! 🎵

Méi wéi 80 talentéiert Museksschüler aus der Gemeng Habscht, déi an der UGDA Musekschoul ausgebilt goufen, hunn hir Diplomer a Certificate fir d’Schouljoer 2023-2024 entgéintgeholl. D’Zeremonie huet op der Bühn vum Centre Polyvalent zu Habscht, a Präsenz vum Schäfferot, Vertrieder vum Gemengerot an dem Direkter Adjoint vun der UGDA Musekschoul, dem Här Yves Popow stattfonnt.

Virun hire Familljen a Frënn hunn eis jonk Museker a Sänger bei enger flotter Auditioun d’Resultater vun hirem Léiere presentéiert. Mat hiren ofwiesslungsräiche Virféierunge vun diverse Museksstécker hunn si hiert Talent ënner Beweis gestallt an eng Abberzuel un Instrumenter gewisen.

Obschonns d’Musekscoursen gratis fir d'Schüler sinn, ass eng substantiell Investitioun fir d’Gemengen. Wéi de Buergermeeschter Serge Hoffmann betount huet, ass dës Investitioun awer och wäertvoll, well se net nëmmen een Invest an d’Zukunft vun eise Kanner ass, mee och d’Entwécklung vun eiser Gesellschaft positiv beaflosst.

Mir gratuléieren all de Schüler fir hir haart Aarbecht an de engagéierte Proffe fir hiren Engagement! 👏🎓

Retour en images sur notre audition d'élèves du samedi 08 mars 2025 !

Plus de 80 élèves de l'enseignement musical de la Commune de Habscht, formés à l'école de musique de l'UGDA, ont reçu leurs diplômes et certificats de l'année scolaire 2023-2024. La cérémonie s'est déroulée sur la scène du Centre Polyvalent à Hobscheid, en présence du Collège Echevinal, des représentants du Conseil Communal et du Directeur adjoint de l'école de musique UGDA, M. Yves Popow.

Devant leurs familles et amis, nos jeunes musiciens et chanteurs ont brillamment présenté le fruit de leurs apprentissages lors d'une audition mémorable. Ils ont démontré leur talent à travers des prestations variées, mettant en avant de nombreux instruments.

L'enseignement musical, bien que gratuit pour les élèves, représente un investissement significatif pour les communes. Selon le bourgmestre Serge Hoffmann, cet investissement est judicieux car il contribue au développement de notre société et à l'avenir de nos enfants.

Félicitations à tous les élèves participants pour leur travail acharné et à leurs professeurs pour leur dévouement! 👏🎓