„Tambower Jongen”: 80 Joer zréck an der Heemecht

„Tambower Jongen”: 80 Joer zréck an der Heemecht

Mat enger Ausstellung, enger Mass, Konferenzen an engem Concert ass Mëtt November zu Habscht un den 80. Joresdag vum Retour 1945 vun den zwangsrekrutéierten „Tambower Jongen” aus russescher Gefaangeschaft erënnert ginn.

Den Ufank huet de 7. November gemaach, mat enger Gedenkzeremonie an dem Vernissage vun enger Ausstellung an der Salle Union mat ënnert anerem Riede vum Buergermeeschter Serge Hoffmann, dem Paul Scholer (President vun der Amicale des Anciens de Tambow), dem Josy Lorent (President vun Zwangsrekrutéiertefederatioun a Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale) an dem Jimmy Carelli (Curateur vun der Ausstellung) zum Thema „80 Joer zréck an der Heemecht”.

Weider Deeler vum Programm ware sonndes d’Néierleeë vu Gerbe beim Monument aux Morts an eng Mass an der Kierch zu Habscht. Owes war eng Konferenz iwwert d’Spuere vun Zwangsaarbechter zu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich.

Mëttwochs hunn de Luc an Olivier Nilles a Begleedung vum Katrin Reifenrath ee Concert mat Lidder a Gedichter am Gedenken un d’„Tambower Jongen“ an der Salle Union ginn. Den Ofschloss war den 13. November eng Konferenz vum Benoît Niederkorn, Direkter vum Dikrecher Militärmusée, iwwert d’Monumenter an d’Erënnerungskultur un den Zweete Weltkrich am Lëtzebuerger Land.

«Tambower Jongen»: 80 ans après le retour à la patrie

À la mi-novembre, une exposition, une messe, des conférences et un concert ont été organisés à Hobscheid pour la commémoration du 80ᵉ anniversaire du retour en 1945 des enrôlés de force «Tambower Jongen» de la captivité russe.

Le premier événement a eu lieu le 7 novembre avec une cérémonie de mémoire et le vernissage d'une exposition sur le thème «80 Joer zréck an der Heemecht» à la Salle Union, avec des discours du bourgmestre Serge Hoffmann, de Paul Scholer (président de l’Amicale des anciens de Tambow), de Josy Lorent (président de la Fédération des enrôlés de force et du Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale) et de Jimmy Carelli (curateur de l’exposition).

Autres éléments du programme étaient le dimanche un dépôt de gerbes au Monument aux Morts et une messe à l'église de Hobscheid. Le soir a eu lieu une conférence sur les traces des travailleurs forcés au Luxembourg pendant la Seconde Guerre mondiale.

Le mercredi, Luc et Olivier Nilles, accompagnés de Katrin Reifenrath, ont donné à la Salle Union un concert composé de chansons et de poèmes en mémoire des «Tambower Jongen». La semaine de mémoire s'est terminée le 13 novembre par une conférence du directeur du musée militaire de Diekirch, Benoît Niederkorn, sur les monuments et la culture du souvenir concernant la Deuxième Guerre mondiale au Luxembourg.