Snoezelroom an der Habschter Schoul

Snoezelroom an der Habschter Schoul

Am leschte Joer ass an der Schoul zu Habscht ee sougenannte „Snoezelroom“ ageriicht ginn, also ee Raum, an deem d’Kanner raschte kënnen oder an enger entspaanter Atmosphär Geschichten erzielt kréien. De Projet ass am Kader vum Plan de développement scolaire (PDS) an Zesummenaarbecht vum Léierpersonal an dem Service technique vun der Gemeng entwéckelt ginn. D‘Aarbechte sinn deels vu spezialiséierte Firmen, deels vun de Gemengenaarbechter duerchgefouert ginn. Zum Projet gehéieren ënnert anerem eng Beleuchtungsinstallatioun an ee Sockel mat de Këssen. Viru kuerzem war de Schäfferot sech de fäerdege Raum ukucken a konnt sech iwwerzeegen, dass de „Snoezelroom“ bäi de klenge Kanner ganz gutt ukënnt.

Un «Snoezelroom» à l’école de Hobscheid

L'année dernière, un «Snoezelroom» a été aménagé à l'école de Hobscheid, c'est-à-dire une salle, dans laquelle les enfants peuvent se reposer où se faire raconter des contes dans une atmosphère détendue. Dans le cadre du Plan de développement scolaire (PDS), le projet a été développé en collaboration avec le personnel enseignant et le service technique de la commune. Les travaux ont été réalisés en partie par des entreprises spécialisées et en partie par des ouvriers communaux. Le projet comprend entre autres un système d'illumination et un piédestal en coussins sur armoires de rangement. Le conseil échevinal a récemment visité la salle terminée et a pu constater que le «Snoezelroom» est bien accepté par les enfants.