Nei Photovoltaikanlag zu Habscht

Nei Photovoltaikanlag zu Habscht

Nodeems eng Rei méi kleng Photovoltaikanlagen op der Primärschoul an op der CGDIS-Kasär zu Äischen grad ewéi um Gemengenatelier zu Gräisch installéiert gi sinn, ass elo op dem Daach vun der Habschter Schoul eng Photovoltaikanlag mat enger Kapazitéit vun 100 kWp/Dag installéiert ginn. Dëst ass am Kader vun der „Regional Energie Cooperative LEADER-Lëtzebuerg West“ geschitt. Dës Kooperative fir nohalteg Energieversuergung an der Regioun ass 2019 gegrënnt ginn a riicht sech un all d’Awunner aus der Regioun LEADER Lëtzebuerg West, déi un ëmweltfrëndlechen Investitiounsméiglechkeeten interesséiert sinn an aktiv un der Energiewend matschaffe wëllen. Viru Kuerzem war sech de Schäfferot vun der Gemeng Habscht déi nei Installatioun op dem Daach vun der Schoul zu Habscht ukucken, déi ee weidere Beitrag vun der Gemeng fir eng nohalteg Zukunft ass.

Nouvelle installation photovoltaïque à Hobscheid

Après l'installation de petites centrales photovoltaïques sur les toits de l'école fondamentale et de la caserne CGDIS à Eischen ainsi que sur le toit de l'atelier communal à Greisch, une centrale photovoltaïque d'une capacité de 100 kWp/jour a été installée sur le toit de l'école à Hobscheid. L’installation a été faite dans le cadre de la «Regional Energie Cooperative LEADER-Lëtzebuerg West». Cette coopérative pour un approvisionnement énergétique durable dans la région a été créée en 2019 et s'adresse à tous les habitants de la région LEADER Lëtzebuerg West intéressés par des possibilités d'investissement respectueuses de l'environnement et souhaitant participer activement à la transition énergétique. Récemment, le collège échevinal de la commune de Habscht a jeté un coup d’œil à la nouvelle installation, qui constitue une contribution supplémentaire de la commune à un avenir durable.