Nationale Gedenkdag an der Gemeng Habscht
Nationale Gedenkdag an der Gemeng Habscht
Um Virdag vum Nationale Gedenkdag huet d’Gemeng Habscht mat dem Nidderleeë vu Blummekränz e Samschdeg, den 10. Oktober un d’Affer an d'Resistenz vum Lëtzebuerger Vollek wärend dem Zweete Weltkrich a vun der Nazi-Okkupatiounszäit 1940 bis 1945 geduecht.
Zou Rued, Gräisch, Simmer, Habscht an Äischen si Gedenkzeremonien ofgehalen a Gerben niddergeluecht ginn. De Buergermeeschter Serge Hoffmann huet a senge Rieden un d’Krichsjoren an d’Leed vum Lëtzebuerger Vollek erënnert an ass op déi historesch Bedeitung vum 10. Oktober 1941 agaangen, wéi d'Lëtzebuerger sech dem Versuch widdersat hunn, déi däitsch Identitéit opgezwongen ze kréien. Besonnesch geduecht ginn ass un déi zwangsrekrutéiert Jongen aus deene fënnef Uertschaften, déi net méi aus dem Krich heemkomm sinn.
Eng Mass an der Kierch zu Äischen fir d’Krichsaffer aus der Gemeng huet den Ofschloss vum Commemoratiounsdag gemaach.
Villmools Merci un all d'Leit an d'Veräiner, déi un de Feierlechkeeten deelgeholl hunn.
Journée de commémoration nationale dans la commune de Habscht
À la veille de la Journée de commémoration nationale, samedi 10 octobre, la commune de Habscht a rendu hommage aux victimes et à la résistance du peuple luxembourgeois pendant la Seconde Guerre mondiale et l'occupation nazie de 1940 à 1945.
À Roodt, Greisch, Septfontaines, Hobscheid et Eischen, des cérémonies commémoratives ont eu lieu et des gerbes ont été déposées devant les Monuments aux Morts. Dans ses discours, le bourgmestre Serge Hoffmann a évoqué les années de guerre et les souffrances du peuple luxembourgeois, et a souligné l’importance historique du 10 octobre 1941, date à laquelle le peuple luxembourgeois a résisté à la tentative de lui imposer une identité allemande. Une pensée particulière a été adressée aux jeunes enrôlés de force, originaires des cinq villages, qui sont tombés pendant la guerre.
La journée commémorative s'est terminée par une messe à l'église d'Eischen en mémoire des victimes de la guerre.
Un grand merci aux personnes et aux associations qui ont participé aux cérémonies.