Maison Relaisen: Ofschlossfest vun de Vakanzenaktivitéiten

Maison Relaisen: Ofschlossfest vun de Vakanzenaktivitéiten

Och dëst Joer si vum 18. bis 29. Juli an de Maison Relaise vun Äischen-Habscht a Simmer flott – vun der Gemeng Habscht offréiert - Vakanzenaktivitéite fir Kanner ugebuede ginn. Am ganzen hunn eng ronn 120 Kanner am Alter tëscht 3 an 12 Joer op deenen zwee Sitten un de verschiddenen Aktivitéiten (historesch, kulinaresch, kreativ a motoresch Atelieren) Deel geholl. Mat enger sympathescher Ofschlossfeier mat villen Animatiounen a Presenz vun den Elteren a vun de Schäffe Carlo Moes, Chantal Boulanger-Hoffmann an Astrid Mosel-Kneip sinn déi Aktivitéiten den 29. Juli op een Enn gaangen. Hei fannt Der e puer Fotoe vun den zwee flotte Fester zu Äischen a Simmer:

Activités de vacances aux Maisons Relais: Fête de clôture

Du 18 au 29 juillet, les Maisons Relais d’Eischen-Hobscheid et de Septfontaines ont organisé à nouveau des activités de vacances pour les enfants, offertes par la commune de Habscht. Environs 120 enfants entre 3 et 12 ans ont participé sur les deux sites aux activités. Ces activités (ateliers historiques, culinaires, créatifs et de motricité) ont été clôturées en présence des parents et des échevins Carlo Moes, Chantal Boulanger-Hoffmann et Astrid Mosel-Kneip par une petite fête sympathique le 29 juillet. Veuillez trouver ci-joint quelques photos de ces deux festivités à Eischen et Septfontaines: