La renaturation de l'Eisch est achevée

Äischen

D'Renaturéierung vun der Äisch ass ofgeschloss

De Renaturéierungsprojet vun der Äisch beim neie CIPA/HPPA zu Äischen gouf viru Kuerzem mat enger offizieller Presentatioun ofgeschloss. Dorunner hunn ënner anerem de Ëmweltminister Serge Wilmes, de Buergermeeschter Serge Hoffmann, d'Schäffen- a d'Gemengeréit vun der Gemeng Habscht souwéi de Buergermeeschter vu Käerch, Daniel Wirth, deelgeholl.

No enger Visitt vum ökologesch restauréierte Gewässer huet de Buergermeeschter Serge Hoffmann d'Grënn vun der Gemeng Habscht fir dës Renaturatioun erkläert an e puer vun de kommunalen Ustrengungen am Beräich vum Ëmweltschutz opgezielt. De Minister Serge Wilmes huet der Gemeng Merci gesot fir dës Renaturéierung mat Modellcharakter, an huet aner Gemengen encouragéiert, och esou Renaturéierungen unzegoen.

Tëscht Februar a Dezember 2023 gouf dat 200 Meter laangt Stéck vun der Äisch an en natierlechen Zoustand zréckversat. D'Aarbechten hu mat dem Ofbaggere un de géien Ufer an der Neigestaltung vum Flossbett ugefaangen. Duerch d'Arrangéiere vu Bamwuerzelen, Fielsbrocken a Sandbänke goufen Deeler mat variéierender Fléissgeschwindegkeet an Déifte geschaf, sou datt de Floss, elo ökologesch verbessert, nei Liewensraim fir Flora a Fauna bitt. Zousätzlech zum Plus vun der ökologescher Diversitéit verbessert d'Renaturéierung den Héichwaasserschutz, duerch d’Schaffe vun zousätzleche Réckhalevolumen. Ausserdeem ass den natierleche Charakter vum Gewässerlaf eng ästhetesch Beräicherung fir d'Bewunner vum CIPA grad ewéi och fir Spadséiergänger.

Am ganzen hunn d’Renaturéierungsaarbechten, déi d’Gemeng Habscht duerchgefouert huet, 961.000 Euro kascht, déi integral vum Ëmweltministère subventionéiert goufen.

Eischen

La renaturation de l'Eisch est achevée

Le projet de renaturation de l'Eisch, à hauteur du nouveau site CIPA/HPPA à Eischen, s'est achevé récemment lors d'une cérémonie officielle en présence, entre autres, du ministre de l'Environnement Serge Wilmes, du bourgmestre Serge Hoffmann, des échevins et des conseillers communaux de la commune de Habscht, ainsi que du bourgmestre de Koerich, Daniel Wirth.

Après la visite du cours d’eau réhabilité sur le plan écologique, le bourgmestre Serge Hoffmann a expliqué les motivations de la commune de Habscht pour cette renaturation et a présenté une partie des efforts communaux en matière de protection de l’environnement. Le ministre Serge Wilmes a remercié la commune d’avoir mené à bien ce projet, qui fait figure de modèle, et a encouragé d’autres communes à s’engager également dans des projets de renaturation.

Entre février et décembre 2023, l’Eisch a été renaturée sur une longueur de 200 mètres. Les travaux ont commencé par l’escarpage des berges et le remodelage du lit du cours d’eau. L’apport de racines d’arbres, d’éboulis et de bancs de sable a permis de créer des zones présentant différentes vitesses d’écoulement et différentes profondeurs, de sorte que le cours d’eau, désormais valorisé sur le plan écologique, a donné naissance à de nouveaux habitats pour la faune et la flore. Outre la diversité écologique, la renaturation améliore la protection contre les crues en ayant créé des volumes de rétention supplémentaires. De plus, le cours d’eau, qui a retrouvé son caractère naturel, constitue un atout esthétique pour les résidents de la maison de retraite et les promeneurs.

Le coût total des travaux de renaturation réalisés pour le compte de la commune de Habscht s’élève à 961 000 euros, subventionnés intégralement par le Ministère de l’Environnement, du Climat et de la Diversité.