HistoSchool - lokal Geschicht an der Schoul

HistoSchool - lokal Geschicht an der Schoul

Am Kader vum regionale LEADER-Projet „HistoSchool“ war Enn Juni d‘Materialiwwergab an der Schoul zu Simmer a Presenz vum Buergermeeschter Serge Hoffmann an de Schäffe Carlo Moes, Chantal Boulanger-Hoffmann an Astrid Mosel-Kneip, dem Léierpersonal an de Schüler a Schülerinnen.

De Westen vu Lëtzebuerg huet eng spannend Geschicht. Mee di grouss Majoritéit vun den Awunner an de Schüler aus der Regioun wëssen näischt vun dëser Vergaangenheet, wëll si ni der breeder Ëffentlichkeet bekannt gemaach gouf. Dobäi ass d’Kenne vun der eegener Heemecht eng wichteg Viraussetzung, d’Qualitéit vu sengem Wunn- oder Heemechtsduerf ze schätzen an d’Erënnerung un di al Geschicht, d‘Sehenswürdigkeeten an d‘Traditiounen oprecht ze erhalen.

D’Presidentin vu LEADER Lëtzebuerg West, d’Christiane Eicher-Karier, huet d’Plus-valuë vu LEADER genannt an huet de Projet „HistoSchool“ presentéiert, wärend d’Nathalie Simon op déi eenzel Aktivitéiten agaangen ass, déi am Kader vum Projet ausgeschafft gi si fir de Schüler a Schülerinnen d’Geschicht vun hirer Gemeng an hirer Regioun spilleresch méi no ze bréngen.

Sämtlech Dossiere kënnen um Site www.letzebuergwest.lu/histoschool gratis erofluede ginn.

 

HistoSchool - histoire locale à l’école

Fin juin a eu lieu, dans le cadre du projet régional LEADER «HistoSchool», la remise de matériel didactique à l’école fondamentale à Septfontaines en présence du bourgmestre Serge Hoffmann et des échevins Carlo Moes, Chantal Boulanger-Hoffmann et Astrid Mosel-Kneip, des enseignants et des élèves.

L'ouest du Luxembourg possède une histoire passionnante. La grande majorité des habitants de la région ignorent toutefois ce passé, car il n'a jamais été porté à la connaissance du grand public. Or, connaître sa région est une condition préalable importante pour apprécier les atouts de son lieu de résidence ou d'origine et perpétuer le souvenir de l'histoire ancienne, des sites et des traditions.

La présidente du LEADER Lëtzebuerg West, Christiane Eicher-Karier, a présenté les plus-values de LEADER et le projet «HistoSchool», Nathalie Simon a énuméré les activités conçues par les élèves dans la cadre du projet afin de faire comprendre l’histoire régionale plus ludiquement.

Tous les dossiers peuvent être téléchargés gratuitement au site www.letzebuergwest.lu/histoschool