Habschter Kiosk a fréier Keessenhaisercher vum Fussball beim CIPA/HPPA zu Äischen
De Kiosk, deen deemools vu lokale Veräiner gebaut ginn ass, stoung vun 1921 un am Zentrum vun der Uertschaft an huet als Treffpunkt gedéngt. Op dësem Kiosk goufen ënner anerem och Concerte vun der Harmonie Habscht gespillt.
Wéinst Stroossenaarbechten huet de Kiosk 1970 missen ofgerappt ginn. E groussen Deel vun de Stécker konnt awer erhale bleiwen an zu Äischen beim HPPA rëm opgeriicht ginn.
Gläichzäiteg konnten déi renovéiert Keessenhaisercher vum fréieren Äischener Fussballveräin presentéiert ginn.
Zwou Informatiounsplacke goufen ubruecht fir d’Geschicht vum Fussballsterrain a vum Kiosk ze erläuteren.
Als Ofschloss huet d’Gemeng Habscht e Patt a Schnittercher offréiert, déi vum HPPA preparéiert goufen.
Merci der Äischener, Habschter a Simmer Musek déi um Kiosk no iwwer 50 Joer déi 1. Noute gespillt hunn.
Kiosque de Hobscheid et anciennes billetteries du terrain de football près du CIPA/HPPA à Eischen
Construit à l’époque par des associations locales, le kiosque se dressait au centre du village de Hobscheid depuis 1921 et servait de lieu de rencontre. C’est notamment là que se déroulaient les concerts de l’Harmonie Habscht.
En raison de travaux routiers, le kiosque a dû être démoli en 1970. Cependant, une grande partie de la structure a été préservée et a pu être réinstallée à Eischen près du HPPA.
Pour la même occasion, les billetteries rénovées de l’ancien club de football d’Eischen ont été officiellement présentées.
Deux plaques d’information ont été installées pour retracer l’histoire du terrain de football et du kiosque.
Pour conclure, la Commune de Habscht a offert des boissons et amuse-bouche, préparés par le HPPA.
Merci aux musiques d’Eischen, de Hobscheid et de Septfontaines qui ont joué les premières notes au kiosque après plus de 50 ans.