Dag vum Bam 2022

Dag vum Bam 2022

Mëtt Dezember hunn d’Schoulkanner aus dem Cycle 3.1 aus de Schoulen Äischen a Simmer Beem am Kader vun der Aktioun „Dag vum Bam“ geplanzt. Zu Simmer si moies ënnert der neier Petanquespiste dräi Uebstbeem (Apel, Bier, Quetschen) an de Buedem gesat ginn. Nomëttes sinn dunn dräi Routbuchen (Bam vum Joer) an dräi Bluttbuchen laanscht den neie Fussballsterrain zu Habscht geplanzt ginn. Di ganz Planzaktioun ass a Presenz vum Schäfferot vun der Gemeng, dem Fierschter Léo Klein an dem Guy Robert (Präsident vun der Ëmweltkommissioun) iwwert d’Bün gaangen.

Journée de l'arbre 2022

Mi-décembre, les élèves du cycle 3.1 des écoles d'Eischen et de Septfontaines ont planté des arbres dans le cadre de l'action «Dag vum Bam». À Septfontaines, trois arbres fruitiers (pommier, poirier, prunier) ont été plantés le matin près du terrain de pétanque. L'après-midi, trois hêtres rouges (arbre de l'année) et trois hêtres sanguins ont été plantés le long du nouveau terrain de football à Hobscheid. La plantation s'est déroulée en présence du collège échevinal, du garde forestier Léo Klein et de Guy Robert (président de la commission de l’environnement et de la qualité de vie).