Publié le 27/11/2024
Orange Week: Eent faarwegt Zeeche géint Gewalt u Fraen a Meedercher
De 25. November ass den Internationalen Dag géint Gewalt géint d'Fraen a Meedercher. Op deem Datum ass den offiziellen Ufank vun der zwou Woche laanger Campagne géint Gewalt u Fraen a Meedercher ënnert der Bezeechnung „Orange Week“.
Bis den 10. Dezember, wann den Dag vun de Mënscherechter gefeiert gëtt, soll ënnert dem Motto „Orange the World“ op physesch, sexuell a psychologesch Gewalt géint Fraen a Meedercher opmierksam gemaach ginn.
Och mir als Gemeng Habscht wëllen een Zeeche géint geschlechtsspezifesch-baséiert Diskriminatioun setzen a beliichten derwéinst vum 25. November bis den 10. Dezember d’Gemengenhaus zu Äischen, d’Maison des Générations zu Habscht an den Härenhaff zu Simmer an oranger Faarf.